Erfaasst séier eng Wäisswandtafel, en Dia oder en Dokument. OneNote trimmt a verbessert se, fir datt se méi einfach ze liese sinn. Mir erkennen och getippten Text, fir datt Dir spéider dono siche kënnt.
Entwerft den Diagramm mat engem Tablettstëft vun der Tafel aus. Schreift all Är Notize mat der Hand, wann Dir dat méi natierlech wéi tippe fannt.
Schreift Iech net all Wuert vun der Virliesung op – nëmmen déi wichtegst Deeler. OneNote verlinkt Är Notize mam Audio, fir datt Dir direkt dohi sprange kënnt, wat gesot gouf, wéi Dir jiddwer Notiz geholl hutt.
OneNote gouf entworf, fir séier a flexibel fir Text, To-Do-Lëschten an Tabellen ze sinn. Maacht Iech keng Suergen iwwer Layouten, tippt wou Dir wëllt op der Säit.
Wann Dir hir E-Mail hutt, kënnt Dir mat hinnen deelen. Et ass einfach a séier, fir lasszeleeën.
Egal, ob Dir am selwechte Raum oder op der anerer Säit vum Campus sidd, schafft an Echtzäit zesummen. Revisiounsmarkéierunge soen Iech, wie wouru schafft.
An der Klass, an Ärem Zëmmer, an engem Computerlabo oder an engem Café – Dir kënnt iwwerall a vun all Apparat aus zesumme schaffen. OneNote synchroniséiert automatesch, fir alles fir Iech zesummen ze halen, och wann iergendeen offline geet.
Websich ass fir déi meescht Projeten noutwenneg. Erfaasst all Websäit an all Browser mat nëmmen engem Klick. Annotéiert d'Säit a OneNote.
Behaalt Virliesungsdiaen a -pabeieren mat Ären Notizen. Maacht Notizen iwwer oder nieft se, andeems Dir tippt oder mat engem Tablettstëft vun Hand schreift.
Schreift op Fotoen oder Ausdréck. Organiséiert gläich wéi mat Haftnotizen, fir Ären Iddien e Sënn ze ginn. Kommentéiert, andeems Dir einfach an de Rand schreift.
Ofleeër oder Usammler? OneNote huet béid gär. Haalt Är Notizen a Projeten organiséiert, andeems Dir Notizbléck a Sektioune schaaft. Sicht a fannt ganz einfach en Text, deen Dir getippt, festgeklamert oder mat der Hand geschriwwen hutt.