OneNote-Ausbildungspartneren
OneNote Class Notebook huet eng Integratioun mat Learning Tools Interoperability (LTI).

Blackbaud
Bei Blackbaud versti mir d'Erausfuerderungen, deene privat Schoulen hautdësdaags géigeniwwer stinn, an hunn eis eenzegaarteg positionéiert, fir enger Schoul eng Zukunft ze bidden, an där e Schüler jiddwerzäit Hausaufgaben ofruffe kann, Schoulmeeschteren Nouten androe kënnen, Elteren hir Rechnunge bezuelen, Schoulmataarbechter eng ganz Rei vun administrative Funktioune mat Liichtegkeet ausféiere kënnen, a sou villes méi – alles vun engem modernen, cloudbaséierten, vollstänneg verbonnene System aus.
Blackboard
D'Missioun vu Blackboard besteet draus, mat der globaler Educatiounscommunautéit zesummenzeschaffen, fir Studente wéi Institutiounen zum Erfolleg ze verhëllefen, andeems si innovativ Technologien a Servicer voll ausnotzen. Mat hirem eenzegaartege Verständnis vun den Erausfuerderunge beim Léieren, ëmfaassende Léisunge fir de studenteschen Erfolleg an enger immenser Fäegkeet zur Innovatioun ass Blackboard den ideale Partner fir de Wandel an der Educatioun.
Brightspace
D2L ass e globale Leader an der Bildungstechnologie an de Schafer vu Brightspace, der weltwäit éischter wierklech integréierter Léierplattform. D'oppen an erweiderbar Plattform vun D2L gëtt vu méi wéi 1100 Clienten a bal 15 Milliounen eenzelne Persounen an der Héichschoulbildung, vun der Spillschoul bis d'Primärschoul, am Gesondheetssecteur, an der Regierung an am Entreprisesecteur benotzt. Dës Léisung integréiert sech ganz einfach an Office 365, Outlook, OneDrive, Mix a OneNote.
Canvas
Mat enger Verfügbarkeet vun 99,9 % ass Canvas déi nëtztlechst, upassbarst, flexibelst an zouverlässegst Léierplattform. Se gouf am séiersten adoptéiert a se gëtt op méi Aart a Weise vun hire Benotzer benotzt, wéi jiddwer aneren LVS. Gesitt, wéi Canvas d'Léiere fir jiddweree méi einfach mécht.
itslearning
Hei, am Häerz vun der Edukatioun, fannt Dir en LMS vum Fondamental bis d’Première, dat esou intuitiv ze benotzen ass, dass et vun Ufank u Spaass mécht. Et ass esou intelligent, dass d’physesch Mauere vum Klassesall sech a Loft opléisen a recommandéiert u Léierressourcen, déi sech um Kurrikulum orientéieren. An esou inspiréierend, dass Léieren an Enseignéieren richteg flott sinn.
LoveMySkool
LoveMySkool gëtt Educateuren ronderëm d’Welt eng Chance, hir Studente matzeräissen. Mat sengen héichentwéckelte Funktiounen ass et ee vun de beschte Léierverwaltungssystemer.
Moodle
Moodle ass d'Open-Source-Léierplattform op der Welt, déi vu Schoulen, Universitéiten, Aarbechtsplazen an anere Sektore weltwäit an iwwer 100 Sprooche benotzt gëtt. Mat engem staark personaliséierbare Geschirfeld mat Featurë fir Schoulmeeschteren, Administrateuren a Schüler, inklusiv staarken Zousaz-Appe fir d'mobil Benotzung, ka se fir all Zeenario benotzt ginn, vun der héich strukturéierter Ausbildung bis hin zu méi oppenen Zesummenaarbechtsberäicher, souwuel komplett online wéi och a gemëschten Zeenarioen.
NEO By Cypher Learning
NEO ass e Léierverwaltungssystem (learning management system, LMS), mat deem Dir einfach Léieraktivitéite schafen a verwalte kënnt, sief et online Klassen opbauen, Studente bewäerten, Zesummenaarbecht verbesseren oder Leeschtungen noverfollegen.
Sakai
Sakai bitt Iech eng Hellewull u performanten a flexibelen Tools, déi staarken Enseignement, engagéierend Léieren an dynamesch Zesummenaarbecht erméiglechen.
School Bytes
Mam School-Bytes-LVS kënne Schoulmeeschtere mat Hëllef vum OneNote-Klassennotizblock-Add-in Aufgabe fir hir Klasse schafen a benouten, woubäi dës Ännerungen automatesch op School Bytes verëffentlecht ginn, wat d'manuell Datenagab iwwerflësseg mécht. Zesumme mat eiser noutloser Microsoft-Office-Online-Integratioun hu Schoulmeeschteren a Schüler Zougrëff op eng vereenheetlecht a featureräich Office-365-Erfarung.
Schoology
Schoology ass d'Bildungstechnologiesentreprise, déi d'Zesummenaarbecht an de Mëttelpunkt vun der Léiererfarung stellt. D'Bildungscloud vu Schoology verbënnt d'Persounen, den Inhalt an d'Systemer, vun deenen d'Bildung lieft, a bitt all d'Tools, déi fir d'Personaliséierung vun der Bildung a fir d'Verbesserung vun de Schülerresultater noutwenneg sinn. Méi wéi 12 Millioune Persounen aus 60 000 Schoulen, vun der Spillschoul bis d'Primärschoul abegraff, an Universitéiten op der ganzer Welt benotze Schoology, fir ze änneren, wéi se léieren a wéi d'Schüler léieren.