A OneNote huelen Iddie Form un

D'App eroflueden

Eroflueden


Op Är Aart schafen

Kritzelt Dir gutt Iddien op Zerwéiten a Pechnotizen? Ass präziist Archivéieren éischter Äre Fall? OneNote hëlleft Iech, egal wéi Dir Är Gedanke formuléiert. Tippt, schreift oder zeechent mat dem Handschrëftgefill vu Stëft op Pabeier. Sicht a klamert aus dem Web fest, fir Iddien ze veruschaulechen.

En Tablet, dee OneNote op Windows 10 uweist

Mat jiddwerengem zesummeschaffen

Är Equipe huet d'Iddi vum Joerhonnert. Är Famill plangt de Menü fir e grousst Familljentreffen. Bleift op der selwechter Säit a synchroniséiert, egal wou Dir sidd.

Foto vun enger Persoun, déi OneNote op engem Tablet fir d'Aarbecht benotzt

Mat Fräihand denken

Bereet. Fäerdeg. Zeechnen. En Tablettstëft oder Är Fangerspëtzt ass dat eenzegt Geschir, dat Dir braucht. Schaaft handgeschriwwen Notizen a konvertéiert se spéider a getippten Text. Hieft ervir, wat wichteg ass a bréngt Är Iddie mat Faarwen oder Formen zum Ausdrock.

Méi hell Faarwen, gezeechent mat engem Surface-Stëft

Vun iwwerall zougräifen

Notéieren. Et ass einfach Ären Inhalt vun iwwerall zesummenzesichen, och wann Dir offline sidd. Fänkt op Ärem Laptop un an aktualiséiert d'Notizen op Ärem Telefon. OneNote funktionéiert op all Apparat oder Plattform.

Foto vu OneNote op iPad, iPhone an Apple Watch ugewisen




Besser mat Office

OneNote ass e Member vun der Office-Famill, déi Dir scho kennt. Gestalt Notize mat aus Outlook-E‑Mailen ofgeruffene Punkten oder incorporéiert se an eng Excel-Tabell. Schafft méi mat all Ären zesummeschaffende Liiblings-Appe vun Office.

Foto vun engem Bürosgebai

Am Klassenzëmmer verbannen

Versammelt d'Schüler op eng Plaz fir Zesummenaarbecht oder bitt individuell Ënnerstëtzung a privaten Notizbléck. Schluss mat gedréckten Handouts. Dir kënnt Coursen organiséieren an Aufgabe vun enger zentraler Inhaltsbibliothéik aus verdeelen.

Klassennotizblock Entdecken

Foto vu OneNote op engem Surface Book ugewisen